LES ANCIENS PEAUX-ROUGES

Last Update: 04.12.2024

COMITÉ

HERRMANN Jean, President
KLEIN-ZAMBON Maisy, Vize-Presidentin
SCHUBERT Guy, Sekretär
FOUARGE Nico, Trésorier
CASARIN Raymond, Member
CASARIN Serge, Member
GILSON Fernand, Member
GOORIX René, Member
HERRMANN André, Member
KERSCHEN Mike, Member
KONRAD-THEVES Sylvie, Member

NEPGEN Raymond, Member
REISDORF Joël, Member
SCHUBERT René, Member
VALDAGNO Patrick, Member
ZIMMER Nicole, Member



Les Anciens PRD

sinn e Groupement vu viirmolege Scouten a Guiden vun de Peaux-Rouges, ewéi och vun anere Scouts-an / oder Guidengruppen aus Lëtzebuerg an dem Ausland. Donieft regroupéieren d’ Anciens Peaux-Rouges och nach d’ Eierememberen vum aktive Groupe.

Et gouf schonns virun laange Joeren eng Amicale vun den Anciens Peaux-Rouges, an dat bis an d’ 60er Joer vun deem leschte Joerhonnert, iert se sech dunn awer opgeléist huet.

Dat Ganzt ass duerno als ” loses Gebinde ” vun enger Equipe vu Frënn organiséiert ginn. Am Laf vun de Joeren huet sech dunn ee ” Comitee ” forméiert, deen d’ Traditiounen héich gehalen huet an d’ Anciens Peaux-Rouges sinn weidergelaf, och esouguer nach an enger Zäit wou den aktive Groupe eng schwéier Kris duerch gemaacht huet, an nach grad emol aus e puer treien Memberen bestanen huet. Gären denken nach vill vun eisen Eeleren un déi flott Momenter zeréck, wou sech getraff gouf fir am Geescht vun eisem Scoutsgroupe eppes zesummen ze ënnerhuelen.

Mir wëllen hei awer och eisen Verstuewene gedenken. Et sinn der leider zevill fir si alleguerten eenzel opzezielen.