Historique

Last Update: 26.05.2022

Historique vun den Scouten/Guiden “LES PEAUX-ROUGES” FNEL Diddeleng

Den 21. November 1913 gouf zou Diddeleng den « Boy-Scout Korps Düdelingen » an d’Liewen geruff, dëst mat Hëllef vum « Volksbildungs-Verein Düdelingen ». Dësen huet sech em d’Joer 1916 an « Eclaireurs de Dudelange» ëmbenannt an huet mat 11 aneren Gruppen an der Stad um Dudderhaff d’FNEL gegrënnt. Déi éischt Cheffen woren d’Hären ZACHER an GRASSSER (däitsch Ingenieuren vun der ARBED), deen éischten richtegen Chef de Groupe (Lëtzebuerger) wor den Josy WENGLER. Ufank den zwanzeger Joeren (ouni awer präzisen Datum) gouf dunn den Numm an « Boy-Scouts Peaux-Rouges » geännert, no e puer aner Dénominatiounen déi en Cours de route genotzt goufen, wou den Numm hierkënnt ass nett ganz kloer, et huet eventuell mat der Faarf vum Minette-Buedem ze dinn. 1920 organiséiren d’Peaux-Rouges (déi sech dunn nach nett esou genannt hunn) déi éischte Kéier den Pow Wow zou Diddeleng an zwar « Op der Haard » an huelen mat enger Delegatioun um 1. Jamboree zou London deel. 1922 grënnen d’Peaux-Rouges (déi dunn den neien Numm kruten, wéi gesot wouhier en och ëmmer kënnt …) als zweete Groupe vun der FNEL eng Wëllefchersmeute zou Lëtzebuerg. Am Joer 1923 kréien se hiren éischten Fändel, Giedel vun dësem gouf d’Schnucky (Andrée) MAYRISCH, eenzeg Duechter vum Emile MAYRISCH, déi och Éieren-Kapitän genannt gouf (haut géif een soen Éieren-Gruppenchef). D’Peaux-Rouges organiséiren eng zweete Kéier den Pow Wow 1926 zou Diddeleng an zwar dës Kéier um « Stade’s Terrain ». Am Joer 1931 gouf den René GOORIX Gruppechef genannt als Nofolger vum Leo STOFFEL an vum Paul MARX, déi hirersäits nom Léopold BIAN an nom Hary KILL ugetrueden sinn. Den 20ten Gebuertsdag ass 1933 mat der Organisatioun vum 18ten Pow Wow vun der FNEL zou Diddeleng, nach eng Kéier um « Stade’s Terrain ». Am Joer 1940 verbidden d’Nazi-Okkupanten all Scouts-Aktivitéiten zou Lëtzebuerg an et dauert bis Hierscht 1944 bis den Groupe sech no deenen batteren Krichsjoeren erëm zesummen fënnt. Am Joer 1946 kréien den François DIDERICHan den Raymond (Töff) THEVENIN als éischt Peaux-Rouges den « Woodbadge » iwwerreecht. 1947 huelen d’Peaux-Rouges zesummen mam FNEL-Kontingent um « Jamboree de la Paix » zou Moisson an Frankräich deel. No 27 Joer um Posten vum Gruppechef iwwerreecht den René GOORIX d’Verantwortung vum Scoutsgroupe 1958 un den Jean genannt Jeia BERG, deen 1959 awer leider bei engem schwéieren Auto-Accident em d’Liewen kënnt. No him gett dunn den  Charles genannt Jos. GILSON neie Chef de Groupe an den fofzegsten Gebuertsdag gëtt 1963 gefeiert. Chef de Groupe vun 1966 un ass den Ben. GARNIE, hien bleift dëst bis 1989. Um Terrain vun der « Nuddelsfabrik », deen der ARBED gehéiert, muss den Groupe öfters säin Home hin an hier plënneren an eng vun den trauregen Konsequenzen dovunner ass dass d’Scoutsliewen ewéi eng Käerz bei den Peaux-Rouges ufänkt auszegoen. Am Joer 1982 ass den Gruppechef deen eenzegen nach aktiven Member an den Comité besteet aus nach just e puer treien alen Cheffen an Memberen, déi awer fest zesummen halen. 1984 probéiert um Rand vum Ënnergang vum Grupp awer wierklech op den lëschten Stëppel eng nei Équipe ronderëm den Leo genannt Léi EIFFES zesummen mam Ben. GARNIE den Neiufank an géint all Erwaardungen geléngt dësen … an et ass bal kengem opgefall féiert den Groupe gläichzäiteg d’Mixitéit vun Jongen an Meedercher an. Den nei erstanene Grupp plënnert 1984 direkt nach vun der Nuddelsfabrik an den Dépôt Eiffes op Biréng fir duerno nach eng Kéier ze wiesselen an 1986 sech fir 23 Joer an der Butschebuerger Schoul ze etabléieren. Den éischten Auslandscamp an der « Neizäit »wor dunn am Summer 1988 zou Dorking (GB) ënnert der Leedung vum Guy SCHUBERT, deen ab 1989 neien Gruppechef ass. Mat vill Erfolleg maachen d’Peaux-Rouges am Joer 1990 als drëtten Groupe zou Lëtzebuerg eng Beaver-Colonie op. Fir den 80ten Gebuertsdag organiséiren d’Peaux-Rouges 1993 den Pow Wow vun der FNEL zou Diddeleng « Am Frankelach ». En vue vum Bau vun engem eegenen Scoutshome wandelt d’Generalversammlung am Joer 1996 den Grupp an eng a.s.b.l. em. Am Joer 2000 geet den Posten vum Chef de Groupe vum Guy SCHUBERT aus déi éischte Kéier an der Geschicht vun den Peaux-Rouges an d’Hänn vun enger Fra, an der Persoun vum Michèle DETAIL. Am Laf vun der Zäit bleift den Grupp modern an installéiert sech eng eegen Homepage www.lespeauxrouges.lu an mëscht Säiten op den sozialen Netzwierker op, en plus kennt eng intern Gruppenzeitung, den « Indianer  », eraus, déi awer herno erëm agestallt gëtt well d’Informatiounen un d’Memberen ab 2019 per Mail eraus ginn an domatter den Zäitalter vum « paperlass » agelaut gëtt. Den 90ten Gebuertsdag gëtt mat der Organisatioun vum Pow Wow zou Diddeleng « Um Giinzebierg » 2003 gefeiert. Op dësem Pow Wow krit den Guy SCHUBERT als drëtten Scout vun den Peaux-Rouges den Brevet vum « Woodbage » iwwerreecht. D’Feierlechkeeten vun dësem Gebuertsdag ginn 2004 mat der Presentatioun vun engem neien Logo an der Aweiung vun engem neien Fändel op en Ënn (et ass dëst deen drëtten Fändel, deen zweeten ass 1966 koum, et goufen awer keng Feierlechkeeten). Endlech an no 97 Joer Existenz weien d’ Peaux-Rouges dann am Joer 2010 hiren wonnerbaren Home «Um Roudebierg » an an plënneren definitiv an hiert eegent Doheem. Am gläichen Moment wiesselt den Posten vum Chef de Groupe vum Michèle DETAIL un d’Carine KERSCHEN. Den 100ten Gebuertsdag gëtt an den Joeren 2013-2014 mat villen verschiddenen Organisatiounen gefeiert an mat als Haaptaktivitéit d’Organisatioun vum 90ten Pow Wow 2013 « Um Giinzebierg » zou Diddeleng. Zum Ofschloss vun dësem Gebuertsdag ass den Groupe stolz en Totem mat Erënnerungs-Plaquen bei sengem Scoutshome anzeweien. 2015 wiesselt den Chef de Groupe op den Daniel VARELA FERREIRA, deen 2018 ersat gëtt well den Groupe sech komplett ëmorganiséiert. No substantieller Ännerung vun sengen Statuten an Reglementer an domatter vun sengen ganzen Strukturen gëtt den Groupe erëm vum Guy SCHUBERT, och President vum Comité, zesummen mat engem neien Lead-Team iwwerholl, fir dës Iwwergaang-Phase an d’Wee ze leeden an d’Peaux-Rouges op d’Schinn vun der Zukunft ze setzen an esou ze organiséieren dass d’Chargen an d’Responsabilitéiten gutt verdeelt sinn an den Veräin den modernen Erausfuerderungen entsprécht. 2020 ass wéinst der sanitärer Covid19-Kris eng Erausfuerderung fir d’Peaux-Rouges, grat esou gutt fir seng héich Memberszuel ofzesécheren wéi finanziell alles ze stëmmen, eng Lutte déi awer gemeeschtert gëtt. Den 25. September 2021 iwwerhellt dunn d’Tamara BIEWERS den Groupe aus den Hänn vum Guy SCHUBERT als neien Chef de Groupe. Hautdesdaags – dat heescht am Joer 2023 – ass deen eelsten vun den Lëtzebuerger Scoutsgruppen an gudder Gesondheet, seng Reien voll mat jonken Leit, seng Cheffen gutt ausgebilt, säin Comité an seng Cherokees ganz aktiv an se sinn all stolz an engem modernen an liewegen Scoutsgrupp ze sinn, deen esou organiséiert ass dass seng Zukunft nach fir laang Zäit am zweeten Joerhonnert vun senger Existenz ofgeséchert schéngt. Loossen mer dofir suergen dass d’Feier ni ausgeet an um Roudebierg den Scoutissem weider liewen kann !

Présidents

1. + JUNIUS Henri 1913-1915
2.+ THONNARD Joseph 1915-1923
3.+ THOMMES Hypolithe 1923-1924
4.+ FELTEN Philippe 1925-1927
5.+ BIAN Léopold 1927-1928
6.+ VALENTINY Jean-Pierre 1928-1937
7.+ SCHUMACHER Nicolas, Dr. 1937-1945
8.+ DIDERICH François dit Bubbes 1945-1961
9.+ NICKELS Jean dit Boy, Dr. 1961-1978
10.+ DIDERICH Jean-Jacques 1978-1984
11. WALDBILLIG Marc, Dr. 1984-1988
12.+ KLEIN Nicky 1988-2005
13. NEPGEN Raymond 2005-2012
14. SCHUBERT Guy 2012-

 Vice-Présidents

1. Inconnu dans les archives 1913-1929
2. + NEUMANN Tony 1929-1934
3. + LEGENDRE Eugène 1945-1961
4. + DIDERICH François 1961-1979
5. + THILL Jean-Pierre 1979-1984
6. + DIDERICH Jean-Jacques 1984-1989
7. + CLAUSSE Benny 1989-1993
8. + GARNIE Benny 1993-1998
9. + ZAPPONE Vincent 1998-2004
10. + BELINTANI Brigitte 2004-2012
11. VALDAGNO Petz 2012-
12. REISDORF Joël 2018-

  Secrétaires  

1. Inconnu dans les archives 1913-1919
2. + HOUTSCH Ph.-Marb. 1919-?
3. Inconnu dans les archives 1920-1933
4. + HUBERTY Emile 1933-1934
5. + NEPPER Charles 1934-1945
6. + BLEY Marcel 1945-1948
7. + DIDERICH Jean-Jacques 1948-1961
8. + DIDERICH François 1961-1979
9. + DIDERICH Jean-Jaques 1979-1984
10. + BELINTANI Brigitte 1984-2000
11. SCHUBERT Guy 2000-2012
12. REISDORF Joël 2012-2018
13. KERSCHEN Carine-

Trésoriers  

1. Inconnu dans les archives 1913-1933
2. + HUBERTY Emile 1933-1945
3. + MAHR Marcel 1945-1948
4. + THILL Jean-Pierre 1948-1989
5. + GARNIE Benny 1989-1993
6. STAAR Cornel 1993-1999
7. SPINA Aldo 1999-2000
8. KERSCHEN-WAGNER Christiane 2000-2015
9. VENTURINI Gilles 2015-

Chefs de Groupe  

1.2. + ZACHER et GRASSER 1913-1914
3. + WENGLER Joseph dit Josy 1914-1918
4. + KILL Hary 1918-1921
5. + STOFFEL Leo 1921-1922
6. + BIAN Leopold 1922-1927
7.8. + STOFFEL Leo et + MARX Paul 1927-1931
9. + GOORIX Rémy dit René 1931-1957
10. + BERG Jean dit Jeia 1957-1959
11. + GILSON Charles dit Jos. 1959-1966
12. + GARNIE Bernard dit Benny 1966-1989
13. SCHUBERT Guy 1989-2000
14. DETAIL Michèle 2000-2010
15. KERSCHEN Carine 2010-2015
16. VARELA FERREIRA Daniel 2015-2018
17. SCHUBERT Guy 2018-2021
18. BIEWERS Tamara 2021-