Les Peaux Rouges Dudelange - Scouten & Guiden Profil, Historique, Downloads - Luxembourg
 loading...

Profil, Historique, Downloads

PROFIL VUN EISEM SCOUTS-/GUIDEN-GROUPE

D’SCOUTEN/GUIDEN “LES PEAUX-ROUGES” DIDDELENG

Eisen Groupe, d’Scouten/Guiden “LES PEAUX-ROUGES” vun Diddeleng besteet säit dem 21. November 1913 an huet 2013 seng honnert Joer gefeiert. Den aktiven Groupe besteet aus enger Cheféquipe, déi responsabel ass fir déi 6 Branchen, d.h. den Beavers, den Wëllefcher, den Scouten/Guiden, den Explorers, den Rovers an den Tembo (kuck hei drënner Artikel Branchen). Dernieft ënnerstëtzt en Comité an en Service-Team, d’Cherokees, den aktiven Groupe. Eis ganz Associatioun huet am Moment em déi 180 Memberen an ass domatter net alleng deen eelsten mee och een vun deenen gréissten Lëtzebuerger Scouts-Gruppen.

SCOUTING ASS:

De Scoutissem huet als Missioun, mam Wäertesystem wéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen; mat Leit déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

DEN JOERESOFLAF VUN EISEM GROUPE:

  • D’Scoutsjoer fänkt ëmmer am September un an hält an der grousser Vakanz an mam Summercamp op.
  • Mir hunn eemol an der Woch eng Réunioun (am Prinzip Samschdes während 2 Stonnen),
  • an eemol am Trimester e Weekend (vu Samschdes Nomëttes bis Sonndes Owes)
  • an emol am Trimester eng Sortie,
  • an der Schoulvakanz e Camp oder en Hyke vun 3 bis 4 Deeg,
  • an der grousser Vakanz e Camp vun enger bis zwou Wochen zou Lëtzebuerg oder am Ausland.  

EIS BRANCHEN:

D’BEAVERS liewen zesummen an enger Kolonie an sinn agedeelt an Dämm (e Grupp vun 6-8 Kanner). De Kader-Programm baut op der Geschicht “D’Frënn aus dem Bësch” op: eng Mënschefamill an eng Beaverkolonie léiere sech kennen an deelen, si erliewen zesumme flott Aventuren an engem grousse Bësch.

D’WËLLEFCHER liewen zesummen an enger Meute an sinn agedeelt a Sizainen (e Grupp vun 6-8 Kanner). D’Liewen an der Meute baséiert sech op dem Rudyard Kipling seng bekannt Dschungelgeschicht. D’Wëllefcher léieren d’Déieren aus dem Dschungel kënnen a sech mat hinnen ze identifizéieren. Duerch d’Spill léiere si mat enee eens ze ginn.

D’SCOUTEN/GUIDEN liewen zesumme mat hire Frënn an enger Patrull, d.h. an enger Équipe vu 6-8 Jongen oder Meedercher. D’Patrullen sinn zesummen an enger Trupp organiséiert. An enger Patrull huet jiddereen seng Charge a seng Verantwortung, sief et am Spill oder an der Aktioun soll jidderee Responsabilitéit iwwerhuelen.

D’EXPLORERS liewen zesummen an enger Unitéit. Zesummen mat hiren responsabelen Cheffen géréiere si sech selwer. Si plangen an erliewen zesumme vun A bis Z eng kuerz Entreprise oder eng méi laang Entreprise  iwwer e puer Méint oder esouguer en ganzt Joer ewech.

D’ROVERS liewen zesummen an engem Clan. Si sinn an der Schoul um Schluss vum Secondaire oder schonn op der Uni oder an enger Héichschoul oder stinn vläicht schonn mat enger Léier am Beruffsliewen. Si hunn verschidde punktuell Aktivitéiten oder Projeten an schaffen fest am Groupe mat.

D’TEMBO sinn den Schratt am Scouts-Liewen no den Rovers an schaffen vill mat dësen zesummen. Si sinn entweder nach op der Héichschoul, der Uni oder fest an enger weiderer Beruff-Ausbildung oder stinn schonn komplett am Beruffsliewen an hunn Famill. Si hunn verschidde punktuell Aktivitéiten am Groupe an vun der FNEL aus an schaffen am Groupe mat esou wéi et hinnen geet.

EIS FEDERATIOUN, D’FNEL:

D’Scoutsmethod vun der FNEL grënnt op den Iddien vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell. Spill a Spaass sinn de Peffer an d’ Salz vum Scoutissem. D’FNEL gouf als Scouts-Federatioun den 30. Juli 1916 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt an eisen Groupe, d’Scouten/Guiden Les Peaux-Rouges vun Diddeleng - deemools nach ënnert dem éischten Numm “Les Eclaireurs de Dudelange“ - wor Grënnungsmember. Aktuell besteet d’FNEL aus 29 lokalen Gruppen an huet ongeféier 3200 Memberen, dovunner sinn der méi wéi 450 forméiert Cheffen.

 **************************************************************

Historique vun 100 Joer

Scouten / Guiden " LES PEAUX-ROUGES "

Den 21. November 1913 gouf zou Diddeleng den « Boy-Scout Korps Düdelingen » an d’ Liewen geruff. Dësen huet sech 1916 an « Eclaireurs de Dudelange» ëmbenannt an huet mat 11 aneren Gruppen an der Stad d’ FNEL gegrënnt. Déi éischt Chefen woren d’ Hären Zacher an Grasser. Am Joer 1917 gouf den Numm an «Boy-Scouts Peaux-Rouges» geännert. 1920 organiséiren d’ Peaux-Rouges déi éischte Kéier den Pow Wow zou Diddeleng « Op der Haard ». Vun 1922 un kréien d’ Peaux-Rouges eng vun deenen éischten Wëllefchersmeuten zou Lëtzebuerg un d’ Lafen. D’Peaux-Rouges organiséiren eng zweete Kéier den Pow Wow 1926 zou Diddeleng um « Stade’s Terrain ». Am Joer 1931 gouf den René Goorix Gruppechef genannt als Nofolger vum Leo Stoffel an vum Paul Marx, déi hirersäits nom Léopold Bian ugetrueden sinn. Den 20ten Gebuertsdag ass 1933 mat der Organisatioun vum 18ten Pow Wow vun der FNEL zou Diddeleng nach eng Kéier um « Stade’s Terrain ». Am Joer 1940 verbidden d’ Nazi-Okkupanten all Scouts-Aktivitéiten an et dauert bis Hierscht 1944 bis den Groupe sech no deenen batteren Krichsjoeren erëm zesummen fënnt. Am Joer 1946 kréien den François Diderich an den Raymond Thévenin den Brevet « Woodbadge » iwwerreecht. 1947 huelen d’Peaux-Rouges zesummen mam FNEL-Kontingent um « Jamboree de la Paix » zou Moisson an Frankräich deel. No 27 Joer um Posten vum Gruppechef iwwerreecht den René Goorix d’ Verantwortung vum Scoutsgroupe un den Jeia Berg, deen 1960 awer onerwaart verstierft, no him kennt dunn den  Jos. Gilson. Den fofzegsten Gebuertsdag gëtt 1963 gefeiert. Chef de Groupe vun 1966 un ass den Ben. Garnie, hien bleift dëst bis 1989. Um Terrain vun der « Nuddelsfabrik », deen der ARBED gehéiert, muss den Groupe öfters séin Home plënneren an eng vun den Konsequenzen dovunner ass dass d’Scoutsfeier bei den Peaux-Rouges ufänkt auszegoen. Am Joer 1982 ass den Gruppechef deen eenzegen nach Aktiven an den Comité besteet aus nach just e puer treien Memberen. Um Rand vum Ënnergang vum Grupp probéiert eng nei Équipe ronderëm den Leo Eiffes zesummen mam Ben. Garnie den Neiufank an géint all Erwaardungen geléngt dësen an den Grupp plënnert an den Dépôt Eiffes op Biréng fir duerno nach eng Kéier ze wiesselen an sech fir 23 Joer an der Butschebuerger Schoul ze etabléieren. Den éischten Auslandscamp an der Neizäit wor dunn am Summer 1988 zou Dorking (GB) ënnert der Leedung vum Guy Schubert, deen ab 1989 neien Gruppechef ass. Mat vill Erfolleg maachen d’Peaux-Rouges am Joer 1990 déi drëtt Beaver-Colonie zou Lëtzebuerg op. Fir den 80ten Gebuertsdag organiséiren d’Peaux-Rouges den Pow Wow vun der FNEL zou Diddeleng « Am Frankelach ». En vue vum Bau vun engem eegenen Scoutshome wandelt d’ Generalversammlung am Joer 1996 den Grupp an eng a.s.b.l. em. Am Joer 2000 geet den Posten vum Chef de Groupe vum Guy Schubert aus déi éischte Kéier an der Geschicht vun den Peaux-Rouges an d’ Hänn vun enger Fra an der Persoun vum Michèle Detail. Am Laf vun der Zäit bleift den Grupp modern an installéiert sech eng eegen Internet-Homepage. En plus kennt eng intern Gruppenzeitung, den « Indianer  », eraus. Den 90ten Gebuertsdag gëtt mat der Organisatioun vum Pow Wow zou Diddeleng « Um Giinzebierg » gefeiert. Op dësem Pow Wow krit den Guy Schubert den Brevet « Woodbage » iwwerreecht. D’ Feierlechkeeten vun dësem Gebuertsdag ginn 2004 mat der Presentatioun vun engem neien Logo an der Aweiung vun engem neien Fändel op en Ënn. Endlech an no 97 Joer Existenz weien d’ Peaux-Rouges dann am Joer 2010 hiren wonnerbaren Home “Um Roudebierg” an. Am gläichen Moment wiesselt den Posten vum Chef de Groupe vum Michèle Detail un d’ Carine Kerschen iwwer. Den 100ten Gebuertsdag gëtt an den Joeren 2013-2014 mat villen verschiddenen Organisatiounen gefeiert an mat als Haaptaktivitéit d’ Organisatioun vum 90ten Pow Wow « Um Giinzebierg » zou Diddeleng. Zum Ofschloss vun dësem Gebuertsdag ass den Groupe stolz en Totem mat Erënnerungs-Plaquen bei sengem Scoutshome anzeweien. Hautdesdaags ass den eelsten vun den Lëtzebuerger Scoutsgruppen an gudder Gesondheet, seng Reien voll mat jonken Leit, seng Chefen gudd ausgebilt, seng Comitéen ganz aktiv an d’ Peaux-Rouges sinn stolz en modernen an liewegen Scoutsgrupp ze sinn deen esou organiséiert ass dass seng Zukunft Richtung dat nächst Joerhonnert ofgeséchert schéngt.


HISTORIQUE de 100 ans

 

SCOUTEN/GUIDEN "LES PEAUX-ROUGES"

Le 21 novembre 1913 est né à Dudelange le « Boy-Scout Korps Düdelingen » qui devient en 1916 les « Eclaireurs de Dudelange» et fond avec 11 autres groupes à Luxembourg la FNEL. Les premiers chefs furent les sieurs Zacher et Grasser. En 1917 la dénomination du groupe est changée en «Boy-Scouts Peaux-Rouges». En 1920 les Peaux-Rouges organisent la première fois le Pow Wow à Dudelange au lieu-dit « Op der Haard ». En 1922 les Peaux-Rouges mettent en route au Luxembourg une des premières meutes de louveteaux. Une seconde fois le groupe organise le Pow Wow de la FNEL en 1926 à Dudelange au lieu-dit « Stade’s Terrain ». En 1931 René Goorix est nommé chef de groupe en remplacement de Leo Stoffel et de Paul Marx qui eux ont suivi Léopold Bian. Le 20ième anniversaire en 1933 est marqué par l’organisation du 18ème Pow Wow de la FNEL à Dudelange, ceci à nouveau sur le site « Stade’s Terrain ». En 1940 l’occupant nazi procède à l’interdiction publique de tous les groupes de scouts et ce n’est qu’en automne 1944 que le renouveau du groupe se fait après les dures années de guerre. Le brevet du « Woodbadge » est remis en 1946 à François Diderich et Raymond Thévenin. Ensemble avec le contingent de la FNEL les Peaux-Rouges participent au « Jamboree de la Paix » à Moisson en France. Après 27 ans sur ce poste René Goorix remet le bâton de chef de groupe à Jeia Berg, qui décède inopinément en 1960, lui suivra Jos. Gilson. Le cinquantenaire se fête en 1963. Chef de groupe à partir de 1966 sera Ben. Garnie jusqu’en 1989. Sur le site de la « Nuddelsfabrik », appartenant à l’ARBED, le groupe doit à plusieurs reprises déménager son local et une des conséquences sera que le feu scout commence à s’éteindre chez les Peaux-Rouges. Seul membre actif en 1982 est le chef de groupe et le comité se compose que de quelques fidèles disciples. Au bord du gouffre une nouvelle équipe gérée par Leo Eiffes essaie ensemble avec Ben. Garnie le renouveau, qui malgré beaucoup de maints obstacles, réussit et le groupe déménage au dépôt « Eiffes » à Burange pour ensuite changer en 1986 dans l’école de Boudersberg pour 23 ans. Le premier camp à l’étranger dans la nouvelle ère se déroule en été 1988 à Dorking (GB) sous la direction de Guy Schubert, qui sera à partir de 1989 le nouveau chef de groupe. En plein succès les Peaux-Rouges fondent en 1990 la 3ième colonie de castors au Luxembourg. A l’occasion du 80ième anniversaire  en 1993 les Peaux-Rouges organisent le Pow Wow de la FNEL à Dudelange au lieu-dit « Am Frankelach ». En vue de la construction d’un propre home scout l’assemblée générale de 1996 change le groupe en une a.s.b.l. . En l’an 2000 la fonction de chef de groupe sera assumée la première fois dans l’histoire du groupe par une femme, ceci en la personne de Michèle Detail qui suit Guy Schubert sur ce poste. Au fil du temps et pour rester moderne le groupe installe son propre site internet et commence à éditer son feuilleton interne « Den Indianer ». Le 90ième anniversaire en 2003 est couronné par l’organisation du Pow Wow de la FNEL au lieu-dit « Um Giinzebierg », lors duquel le « Woodbage » est remis à Guy Schubert. Les festivités de cet anniversaire seront clôturées en 2004 par la présentation d’un nouveau logo et l’inauguration d’un nouveau drapeau. A la fin et après 97 années d’existence les Peaux-Rouges inaugurent en septembre 2010 leur merveilleux home scout « Um Roudebierg ». En même temps un nouveau chef de groupe en la personne de Carine Kerschen prend la relève de Michèle Detail. Le 100ième anniversaire du groupe est fêté en 2013-2014 avec de multiples organisations et avec comme activité fanion l’organisation du 90ième Pow Wow de la FNEL en juillet 2013 au lieu-dit « Um Giinzebierg » à Dudelange. Lors de la clôture de cet anniversaire le groupe est fier d’inaugurer un Totem avec plaques commémoratives auprès de son home scout. Aujourd’hui la doyenne des groupes scouts du Luxembourg est en bonne santé, ses rangs remplis de jeunes membres, ses responsables bien éduqués et « Les Peaux-Rouges » sont fiers d’être un groupe scout moderne organisé de façon à pouvoir vivre le futur en route dans son deuxième centenaire d’existence.

 

Downloads

 

 


Buts du Scoutisme.pdf
Differding Nic.pdf
Eiffes Leo.pdf
Garnie Ben.pdf
Gedenktafel Ben Garnie.pdf
Gedenktafel Berg Jean.pdf
Gedenktafel Bian Léopold.pdf
Gedenktafel Diderich François.pdf
Gedenktafel Diderich Jean-Jacques.pdf
Gedenktafel Eddes Goorix.pdf
Gedenktafel Legendre Eugène.pdf
Gedenktafel Leo Eiffes.pdf
Gedenktafel Nic. Differding.pdf
Gedenktafel Nicky Klein.pdf
Gedenktafel René Goorix sr.pdf
Gedenktafel Thill Jean-Pierre.pdf
Gedenktafel Vince Zappone.pdf
Goorix Eddes.pdf
Goorix René sr.pdf
Histoires de Jojo.pdf
Klein Nicky.pdf
PRD Profil vun eisem Groupe (L-F-D-E).pdf
PRD Scouts depliant Home Um Roudebierg.pdf
R.Historique Camp Riviera (Paul FLAMMANG).pdf
Winkeralphabet Semaphore, Kniet-Noeuds.pdf
Zappone Vince.pdf


Actualitéit

Eisen Shop ass weider fir all Bestellungen vun Uniformen an esou weider via Mail ze erreechen op shop.prdudelange@gmail.com .

 

Bezuelen op eisen CCPL LU48 1111 0136 9013 0000, Dir kritt Är Commanden Heem bruecht.

 

Ab dem 9. Januar 2021 sinn mer erëm an eisem Home “Um Roudebierg” fir Iech do.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 




like us on Facebook


Agenda