Les Peaux Rouges Dudelange - Scouten & Guiden Branchen - Luxembourg
 loading...

Branchen

Beaveren sin bei eis die klengst, genauer gesot Kanner am Alter vun 5 bis 8 Joer. D`Idee ass et hinnen Natur an den Scoutismus op eng ganz einfach Manéier bäizebréngen.

Eis Devise ass : "Deelen, deelen, deelen"!

Bei eis gëtt net nëmmen gebastelt an gespillt. Mär verzielen flott Aventuren aus der Beaver-Geschicht, sangen Beaver-Lidder an leieren wéi een zum Beispill eng Dänn vun engem Äppelbam ënnerscheeden kann an nach villes méi.

Wenns du elo Genaues iwwert Beaveren wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg.

Eis Versammlungen sinn Samschdes vun 15 Auer bis 17 Auer.

Beaverklack,

D' Beavercheffen.

 


Wëllefcher sinn Jongen an Meedercher vun 8 bis 11 Joer. Se liewen zesummen an enger Meute esou wéi sech dat bei de Wëllef gehéiert. Se sinn dem Mowgli aus der Dschungel Geschicht vum Rudyard Kipling seng Bridder a seng Schwësteren an zesummen mat him, dem Baloo, dem Bagheera an nach villen aneren ginn se iwwert d’ Weeër vum Dschungel.

Hier Devise ass "Mir dinn ons Bescht !" an dorun halen se sech och an allen Situatiounen. Egal ob dat elo bei engem Spill ass oder wann se engem aneren bei eppes hëllefen.

Wenns Du elo Genaues iwwert d‘ Wëllefcher wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg.

Eis Versammlungen sinn Samschdes vun 15 Auer bis 17 Auer.

Wëllef Wëllef Yahoo,

D’ Wëllefcherscheffen.

 


Scouten/Guiden ass e flotten Grupp vun Jonken vun 11 bis 15 Joer. Bei den Scouten/Guiden mëscht een Aktivitéiten wéi Versammlungen am Home, Sortien an den Besch, Campen iwwert Land mat flotten Holz-Konstruktiounen, Scouts-Techniken, BAen (Gutt Aktiounen) an nach villes méi.

Um Camp schlofen mär oft an eisen Zelter an ginn och mol op en Hyke wou mer am Besch schlofen. Mär sinn mat Kaart an Kompass ënnerwee an kommen esou (bal ëmmer J) un eist Ziel.

Bei den Scouten/Guiden gëtt et och e Scouts-Gesetz an un dat halen mir eis och.

Wenns Du elo Genaues iwwert d‘ Scouten/Guiden wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg.

Eis Versammlungen sinn Samschdes vun 15 Auer bis 17 Auer.

Scouten ëmmer bereet.

D’Scouten/Guiden-Cheffen

 


D‘ Explorers sinn déi Branche fir Jugendlech vun 15-18 Joer an si maachen hier Aktivitéiten zesummen an engem Team dat sech Unitéit nennt.

Et ass deen Alter am Scoutissem wou den richteg Scoutsgëscht kann voll an ganz vun deenen Jonken ausgelieft ginn.

All Member aus der Unitéit kritt deemno eng Charge wéi zum Beispill President, Secrétaire, Trésorier, Kach, … an esou weider ... an d’ Explorers schaffen zesummen eng Charta aus an ënnerschreiwen des feierlech.

Bei den Explorer gëtt alles zesummen décidéiert, organiséiert an duerchgefouert.

D' Explorers hunn Cheffen déi sie begleeden, mee et soll versicht ginn dass eng Unitéit groussen deels kann op eegenen Féiss stoen.

Se fueren zesummen op Campen, hunn flott Versammlungen, maachen Visiten, … méi grouss an manner grouss Entreprisen an een vun den Zieler ass den Explorerbrevet ze kréien an d’ “Unité Pilote” / “Unité Co-Pilote” fir d ‘ganz Unitéit oder den “Badge Pilote” fir den eenzelnen Explorer.

Wenns Du elo Genaues iwwert d‘ Explorers wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg.

Eis Versammlungen sinn Samschdes vun 15 Auer bis 17 Auer.

“Un pour tous - Tous pour un / Een fir all - all fir een”.

D’ Explorers-Cheffen.


D’ Rovers sinn eis "eelsten" Branche an se fänken am Scoutissem do un wou och den Eescht vum Liewen lassgëtt, d.h. mat 18 Joer.

Mer huelen jiddereen gären op bis en der 27 huet, dann gehéiert een nett zum alen Eisen well et kann een nach gären weider mat maachen, dann ass oder gëtt een en “Cherokee” (Virdrun “Senior-Scout”).

Mär gesinn eis ee mol den Mount Freides owes, normalerweis um 20 Auer, an eisem Scoutshome um Roudebierg, wou mär ëmmer vill flott Aktivitéiten um Programm hunn.

Méi verroden mer awer net, komm einfach eng Kéier bei eis kucken. Ruff un um 52 26 86 an looss en Message mat Denger Telefonsnummer op eisem Répondeur, dann kontaktéiren mir Dech.

All zesummen fir eng besser Welt.

D’ Rovercheffen.




Actualitéit

Don " Kriibskrank Kanner " Juli 2018

 

 

National Feierdag 2018

Parc Merveilleux Betebuerg 12.05. 2018

Bréckefest Kräizbierg 13.05. 2018

Pow-Wow 2017 zu Mamer

Pot de la Présidente LSAP 12.07. 2017 Parc Léih Dudelange

Chèques Iwwereechung 30.06. 2017 an der Gemeng Diddeleng

 

Merite Jeunesse mat S.A.R. Prince Guillaume Home PRD 22.04 .2017

Merite Jeunesse mat S.A.R. Prince Guillaume Home PRD 22.04 .2017

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 




like us on Facebook


Agenda