Les Peaux Rouges Dudelange - Scouten & Guiden Branchen - Luxembourg
 loading...

Branchen

Beaveren sin bei eis die klengst, genauer gesoot Kanner am Alter vun 5 bis 8 Joer. D`Idee ass et hinnen Natur an den Scoutismus op eng ganz einfach Maneier bäizebréngen.

Eis Devise ass : "Deelen, deelen, deelen"!

Bei eis get net nemmen gebastelt an gespillt. Mär verzielen flott Aventuren aus der Beaver-Geschicht, sangen Beaver-Lidder an leieren wéi een zum Beispill eng Dänn vun engem Äppelbam ënnerscheeden kann an nach villes méi.

Wanns du elo Genaues iwwert Beaveren wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg. Eis Versammlungen sin meeschtens vun 16.00 Auer bis 18.00 Auer.

Beaverklack,

Beavercheffen.

 


Wëllefcher sinn Jongen an Meedercher vun 8 bis 11 Joer. Se liewen zesummen an enger Meute esou wéi sech dat bei de Wëllef gehéiert. Se sinn dem Mowgli aus der Dschungel Geschicht vum Rudyard Kipling seng Bridder a seng Schwësteren an zesummen mat him, dem Baloo, dem Bagheera an nach villen aneren ginn se iwwert d’ Weeër vum Dschungel.

Hier Devise ass "Mir dinn ons Bescht !" an dorun halen se sech och an allen Situatiounen. Egal ob dat elo bei engem Spill ass oder wann se engem aneren bei eppes hëllefen.

Wanns Du elo Genaues iwwert d‘ Wëllefcher wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg. Eis Versammlungen sinn meeschtens vun 16.00 Auer bis 18.00 Auer.

Wëllef Wëllef Yahoo,

Wëllefcherscheffen.

 


Scouten/Guiden ass e flotten Grupp vun Jonken vun 11 bis 15 Joer. Bei den Scouten/Guiden mëscht een Aktivitéiten wéi Versammlungen am Home, Sortien an den Besch, Campen iwwert Land mat flotten Holz-Konstruktiounen, Scouts-Techniken, BAen (Gudd Aktiounen) an nach villes méi.

Um Camp schlofen mär oft an eisen Zelter an ginn och mol op en Hyke wou mer am Besch schlofen. Mär sinn mat Kaart an Kompass ënnerwee an kommen esou (bal ëmmer ?) un eist Ziel. Bei den Scouten/Guiden gëtt et och e Scouts-Gesetz an un dat halen mir eis och.

Wanns Du elo Genaues iwwert d‘ Scouten/Guiden wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg. Eis Versammlungen sinn meeschtens vun 16.00 Auer bis 18.00 Auer.

Scouten ëmmer bereet.

Scouten/Guiden-Cheffen

 


D‘ Explorers sinn déi Branche fir Jugendlech vun 15-18 Joer an sie maachen hier Aktivitéiten zesummen an engem Team dat sech Unitéit nennt. Et ass deen Alter am Scoutissem wou den richteg Scoutsgëscht kann voll an ganz vun deenen Jonken ausgeliewt kann ginn.

All Member aus der Unitéit kritt deemno eng Charge wéi zum Beispill President, Secrétaire, Trésorier, Kach, … an esou weider ... an d’ Explorers schaffen zesummen eng Charta aus an ënnerschreiwen des feierlech.

Bei den Explorer gëtt alles zesummen décidéiert, organiséiert an duerchgefouert. D' Explorers hunn Cheffen déi sie begleeden, mee et soll versicht ginn dass eng Unitéit groussen deels kann op eegenen Féiss stoen. Se fueren zesummen op Campen, hunn flott Versammlungen, maachen Visiten, … méi grouss an manner grouss Entreprisen an een vun den Zieler ass den Explorerbrevet ze kréien an d’ “Unité Pilote” / “Unité Co-Pilote” fir d ‘ganz Unitéit oder den “Badge Pilote” fir den eenzelnen Explorer.

Wanns Du elo Genaues iwwert d‘ Explorers wëssen wëlls dann komm einfach eng Kéier Freides bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg. Eis Versammlungen sinn meeschtens vun 19.30 Auer bis 21.30 Auer.

D‘ Explorers sinn ëmmer bereet.

D’ Explorers-Cheffen.


D’ Rovers sinn eis "eelsten" Branche an se fänken am Scoutissem do un wou och den Eescht vum Liewen lassgëtt, d.h. mat 18 Joer. Mer huelen jiddereen gären op bis en der 27 huet, dann gehéiert een nett zum alen Eisen well et kann een nach gären bei den Rovers matmaachen, dann ass oder gëtt een en “Senior Scout”.

Mär gesinn eis ee mol den Mount Freides owes, normalerweis um 20 Auer, an eisem Scoutshome um Roudebierg, wou mär ëmmer vill flott Aktivitéiten um Programm hunn. Méi verroden mer awer net, komm einfach eng Kéier bei eis kucken. Ruff un um 522686 an looss en Message matt Telefonsnummer op eisem Répondeur, dann ginn mir Dir dann Bescheed wéini eis nächst Versammlung ass.

All zesummen fir eng besser Welt.

D’ Rovercheffen.




Actualitéit

Pow-Wow 2017 zu Mamer

Pot de la Présidente LSAP 12.07. 2017 Parc Léih Dudelange

Chèques Iwwereechung 30.06. 2017 an der Gemeng Diddeleng

 

Merite Jeunesse mat S.A.R. Prince Guillaume Home PRD 22.04 .2017

Merite Jeunesse mat S.A.R. Prince Guillaume Home PRD 22.04 .2017

AG PRD vum 24. März 2017 Mitglieder Ehrung

Cheque Iwwereechung vum Interesseveräin Quartier Butschebuerg 10. Mäerz 2017 Home Roudebierg.

PRD Jugendsummer 26.07.2016

 

110 Memberen vun de PRD 10.07. 16 nom Pow-Wow

106 PRD  Cortège Fête Nationale 2016

 

 

 

 

 

 




like us on Facebook


Agenda